Leider fënnt eis Faart op Saarbrécken net statt, well d'5519 aus technesche Grënn net fäerdeg ass. Mir bléiwen awer hannert de Kulisse fläisseg an hunn d'Lofttanke lackéiert a gewiesselt.
Eis nei Lofttanken! E Schratt méi no un eiser Faart am Dezember- viraussiichtlech de 17. Dezember.
Leider hunn mir nach e Problem mat engem Bremsventil vun der direkter Brems, wat nach virdru muss geléist ginn.
Läscht Preparatioune fir déi waarm Kesselprouf, de 6ten Mäi.
Mir si ganz frou matdeelen ze kennen, dass mir rezent den Accord kruten, dass eis Maschinn mat ECTS ekipéiert gëtt. Dat erméiglecht eis dann och erëm zu Lëtzebuerg kennen ze fueren! Well dat administrativ grouss Hürde sinn, wäert dat leider nach eng kleng Zäitchen daueren.
De Guy KRUMLOWSKY (Präsident vun der 5519 a.s.b.l.) an de Raphaël HARF (2. Sekretär) waaren zu Besuch beim Radio 100,7 an hunn iwwert d'Damplok an d'a.s.b.l. geschwaat.
Lauschtert déi ganz Emissioun HEI: 100,7 Emissioun.
D'5519 gëtt virbreed fir hier Ausstellung während de Portes Ouvertes vum CFL - Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois Atelier de 25. an 26. September.
Die 5519 wird vorbereitet für ihre Ausstellung anlässlich der Tage der offenen Tür der CFL Werkstätten am 25. und 26. September.
La 5519 est en train d'être préparée pour son exposition lors des portes ouvertes de l'atelier CFL les 25 et 26 septembre.
D'Assemblée Générale fennt den 10. Juni statt!
Haut hun mer d'5519 ungeheizt fir bei herrlechem Wanterwieder mat Luxcontrol dei jährlech Visite en marche vum Dampkessel ze maachen.
Dobäi gett enner anerem gekuckt ob all d'Seecherheetsariichtungen vum Kessel uerdentlech funktioneiren: Kesselsecherheetsventiler, Kesselspeisepumpen, Wasserstandsanzeiger, asw.
Wei emmer gouf et keng Beanstandungen durch den Inspekter.
Leider kennen mer net mei ouni ETCS hei um Réseau fuehren. D'Geleenheet hun mer awer genotzt fir d'Dampheizung vun der Wegmann-voiture ze testen.
WICHTEG INFO ZU DEN VERANSTALTUNGEN
Leider sin opgrond vun der Verbreedung vum CoVid-19 all Veranstaltungen bis op Wéideres ofgesoot. Souball mir méi Informationen hun, deelen mer se hei an op eisen sozialen Medien mat!
No Entrevue mat der CFL kruuten mir leider matgedeelt, dass mir ouni ETCS (dat ass den aktuellen Secherheetssystem, deen all Maschin, déi um Reseau fiert, muss hun) net méi derfen zu Letzebuerg fueren. Dat bedéit, dass fir zukünfteg Fahrten zu Letzebuerg emmer eng Virspaanlok firun der 5519 muss sin. Zousätzlech dozou hun mer momentan eng eenzeg Wegmann-Voiture, wat nach net duergeht fir international Zich.
Aus dem Grond gett d'5519 Fréides, den 3. Abrell op Hanau an Deitschland iwwerféiert. Do ennerstetzen mer éis daitsch Kollegen vun der Museumseisenbahn Hanau bei verschiddenen Veranstaltungen, well hier Maschinen leider ausgefall sin (D' 50 3552 durch Kesselschued an d'01 150 durch Achsenschued). Wann dir d'5519 an Aktion wellt gesin, fannt dir méi Informationen zu den Aktivitéiten ennert "Veranstaltungen"
Fir d'01 150 vun éisen Kollegen zu Hanau leeft momentan eng Spendenaktion. Den Video dozou fannt dir hei.
02.09.2018
Zenter dem 1. September ass éis Maschine nees zu Meiningen fir déi fälleg grouss Revision.
Hei ass eis Maschine (an zweeter Position) ennerwee op Meiningen den 1. September.
D'Dampflok ass zu Meiningen um Terrain vum Meininger DB Wierk ukomm.
28-29.04.2018 & 01.05.2018
Dest Joer huet nees d'Tréirer Dampfspektakel stattfonnt, wou éis Dampflok och zum Asaatz komm ass. Et war en flott Erliewnis, (glecklecherwéis) ouni vill Pannen an mad vill Succès bei den Léit.
Méi iwwert den Event fannt dir HEI.
19.12.2017
Gëschter ob der Faart Homburg-Saarbrécken huet d'5519 e Warmleefer un dem lenken hënneschten Dreifstangelager kritt. Doduerch hu mir missen zu Sulzbach stoen bleiwen. No e puer Versich kuerzfristeg eng Ersatzlokomotiv ze kréien hu mer leider missen d'Réckfaart annuléieren. Dëst deet eis Leed, mee mat dem techneschen Defekt war et net méiglech weider ze fueren. D'5519 steet dann och momentan zu Saarbrécken ofgestallt.
Gestern hat die 5519 auf der Fahrt zurück von Homburg nach Saarbrücken, am linken hinteren Treibstangenlager, ein Heißläufer erlitten. Deshalb mussten wir in Sulzbach stehen bleiben. Alle Versuche auf die Schnelle eine Ersatzlok aufzutreiben blieben leider fruchtlos, so dass wir die ganze Rückfahrt abbrechen mussten. Dies tut uns sehr leid, aber mit dem technischen Defekt konnten wir nicht weiter fahren. Die 5519 steht dann auch momentan in Saarbrücken abgestellt.
Hier la 5519 a eu un échauffement du roulement arrière de la bielle motrice côté chauffeur. A cause de cet échauffement on a du s'arrêter à Sulzbach. Tous les essais de procurer rapidement une autre machine pour le train n'ont pas abouti. En conclusion on a du supprimer le retour. On est désolé d'avoir du venir à ce moyen, mais il était impossible de continuer avec la 5519. Celle-ci est dailleurs garée à Saarbrücken pour l'instant.
Déi lescht Preparatioune fir Beetebuerg:
D'Bielle ob der Heizersäit gëtt nach eng Kéier gecheckt.
No Dresden hate mer d'Lager neigemeet an elo kucke mer d'Ofnotzung.